D'Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf stellt
een Educateur diplômé oder een Educateur gradué als Chef de Groupe an
fir seng Kannerwunngrupp "Maison9" zu Miersch
Ufank 01 / 01 / 2026
Är Aufgaben
Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger pedagogescher Betreiung, fir d’Wuel vun de Jugendlechen
Leedung vun engem Wunngrupp mat Jugendlechen an engem Mataarbechterteam
Ëmsetzung vun de Konditiounen déi an der Convention-cadre festgehale sinn
Ëmsetzung vun den organisatiounsiwwergräifende konzeptuelle Grondlagen
Dir schafft am deeglechen Encadrement mat eise Jugendlechen
Zesummenaarbecht mam Chargé de Direction a vernetzt mat all de Chef de Groupen aus den anere Beräicher vum SOS Kannerduerf Lëtzebuerg souwéi mat extern Partner ;
Verantwortung fir d'Gestioun vum Budget
Organisatioun vun Teamversammlungen, Mataarbechtergespréicher, Supervisiounen
Äre Profil
Dir hutt en unerkannte Diplom als Educateur gradué odr Educateur diplômé mat der autorisation d'excercer oder eng Equivalenz
Fäegkeet fir systemesch-, Ressourcen- a léisungsorientéiert Denken an Handelen
Leedungs- a Féierungskompetenzen
Fachkompetenzen an de Beräicher Bindung an Trauma, Kanner- an Jugendschutz
Motivatioun, Wäertschätzung an Handlungskompetenz an der Zesummenaarbecht mat den Elteren / Familljen
Motivatioun zu flexibelen Aarbechtszäiten, orientéiert um Bedarf vun de Jugendlechen an de Mataarbechter / innen
Dir sidd bereet Dag- an Nuetsschichten, souwéi Weekends a Feierdeeg ze schaffen
Wäertschätzend a sécher Gespréichsféierung
Fäegkeet fir eng qualitativ héichwäerteg Dokumentatioun
Sproochen : Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, weider Sproochen si vu Virdeel
Führerschäin (Klass B)
Mir bidden
Dir sidd een Deel vun engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef
Weiderbildung an de Beräicher, Bindung an Trauma, Kanner a Jugendschutz
Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen
Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS (C4-C6 laut Diplom)
Sympass Kaart
Schéckt aer Kandidature online op
a lued folgend Dokumenter erop
Motivatiounsbréif
CV mat Foto
Kopie vum Diplom
Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.
Chef de groupe mwd CDI 100 Haus 9 zu Miersch • Seimerich, DE