fir seng „Naturcrèche“ zu Dippech op Basis vun engem CDI mat 30 Stonnen/Woch
Hutt Dir Loscht Kanner am Alter vun 18 Méint bis 4 Joer op enger spillerescher Aart a Weis d’Natur méi no ze bréngen? Dir hutt de Kapp voller Iddien a sidd naturbegeeschtert? Dann sichen mir genau iech!
Profil :
Dir hutt den Diplom vum „Educateur diplômé“
Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Däitsch an Franséisch – All weider Sprooch ass vun Virdeel
Dir hutt berufflech Erfarung am sozio-pedagogesche Beräich, mam Schwéierpunkt ob den Klengkandberäich.
Dir sidd flexibel an den Aarbechtszäiten
Dir hutt eng Zousazausbildung an der “Natur- oder Erliewnisspädagogik” oder sidd bereet iech an deenen Beräicher weiderzebilden
Dir kënnt autonom schaffen
Dir sidd kontaktfreedeg an oppen fir mat den internen an externen Partner vun der Crèche ze schaffen
Dir hutt PC Kenntnisser an schrëftlech Kompetenzen
Dir hutt gutt Kenntnisser an den Beräicher Natur, Ëmweltschutz an Beweegung
Dir hutt en Führerschäin B
Missiounen :
Encadrement vun Kanner vun 18 Méint bis 4 Joer
Reegelméisseg Ausflich, Aktivitéiten an Projet’en zu den Themen Natur an Beweegung dobaussen bei all Joreszäit an Wiederkonditiounen organiséieren an duerchféieren
Den Kanner wichtegen Naturgrondwëssen op enger spillerescher Aart a Weis vermëttelen
D’Kanner zu engem respektvollen a nohaltegen Ëmgang mat der Natur motivéieren
Zesummenaarbecht mat den internen an externen Partner vun der Crèche assuréieren (Schoul, Maison Relais, etc.)
Den Besoin vun den Kanner mat ugepassten Beweegungs- a Naturerliewnisser gerecht ginn
Mir bidden Iech :
Deel vun engem dynameschen an engagéierte Betrib ze sinn
De CCT-SAS Kollektivvertrag
Een ofwiesslungsräichen Aarbechtsberäich
Deel vun engem motivéierten Team ze sinn
Themespezifesch Formatiounen passend zum Aarbechtsberäich
Eng Organisatioun wou den Mënsch am Vierdergrond steet
Am Fall vun enger Astellung froen mir en Extrait vum Casier judiciaire.