D'Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf sicht engagéiert Fachleit, déi Kanner an hiere Familljen wäertschätzend, ressourcenorientéiert an empathesch begleeden.
Dir wëllt Är Expertise an der Kanner- a Jugendpsychiatrie an engem multidisziplinären Ëmfeld asetze fir e reelle Bäitrag zum Wuelbefanne vu jonke Mënschen an hiere Famillje ze leeschten?
Da kommt an eng Equipe, déi Vertrauen, Engagement a géigesäitege Respekt lieft.
An dëser Funktioun sidd Dir déi zentral Kontaktpersoun tëscht de Kanner an hiere Famillje, den Educatiounsequippen an den externe medezineschen a therapeutesche Partner.
Dir garantéiert hieren psychiatreschen a somatesche Suivi a drot aktiv dozou bäi,
e séchert an therapeutescht Ëmfeld ze schafen.
Gläichzäiteg leet d'Fondatioun vill Wäert op d'Weiderentwécklung vun hire Mataarbechter. Duerch regelméisseg Formatiounen, Supervisiounen a fachlechen Austausch kritt Dir d'Méiglechkeet, Är Kompetenzen auszebauen an an Ärer professioneller Roll ze wuessen.
Är Aufgaben
Ambulant sozialpädagogësch Begleedung vu vu Kanner, hiere Elteren an hierer Famill
Somatesch a psychiatresch Evaluatioune maachen an de Gesondheetszoustand suivéieren
De kierperlechen a psychesche Gesondheetszoustand observéieren, dokumentéieren an evaluéieren.
Medezinesch, psychiatresch an therapeutesch Consultatioune organiséieren a koordinéieren
Enk mat Psychiateren, Dokteren, Psychologen, Spideeler an anere Partner zesummeschaffen
Educatiounsequippen am Ëmgang mat psychiatresche Problematike beroden an ënnerstëtzen
Eng regelméisseg a vertraulech Kommunikatioun mat Familljen a gesetzleche Vertrieder assuréieren
Als Referenzpersoun Beneficiairen an hirer individueller Begleedung ënnerstëtzen
Familljen begleeden an d'Elteren an hire Kompetenze stäerken
An psychiatreschen oder verhalensbezunnene Krisesituatioune professionell intervenéieren
Psychoedukativ Aktivitéite fir Beneficiairen, Familljen an Ekippen organiséieren an duerchféieren
Optragszoustellung a Facturatioun iwwert accords de prise en charge (APC) vum Office National de l’Enfance (mesure 8.3.)
Zesummenaarbecht mat de professionelle Partner vun der AEF
Wat eis ënnerscheet
Mir investéieren an Är Entwécklung
Reegelméisseg Formatiounen (Bindung, Trauma, SOP, ...)
Praxisaustausch an Deele vu Fachwëssen
Kontinuéierlecht Léieren a professionellt Wuesse
Aktiv Ënnerstëtzung vun Ärer fachlecher a perséinlecher Entwécklung
Eng Organisatioun an dauerhafter Weiderentwécklung
Strukturéiert Qualitéitsmanagement
Kultur vun der Reflexioun an der kontinuéierlecher Verbesserung
Entwécklung vun innovativen Approchen an der psychiatrescher a psychosozialer Begleedung
E professionellen a strukturéierte Kader
Zesummenaarbecht an engem engagéierten multidisziplinären Team
Reegelméisseg Supervisiounen an Intervisiounen
Enken Austausch mat Educateuren, Psychologen, Case Manageren a Direktioun
Kloer Strukturen, professionell Prozesser a qualitativ héichwäerteg Fachbegleedung
Eng Missioun mat Wierkung
Direkten Impakt op d'Wuelbefannen an d'Entwécklung vu Kanner an Elteren
Ënnerstëtzung vu Familljen a komplexe Liewenssituatiounen
E konkrete Bäitrag zu hire Zukunftsperspektiven a Wuelbefannen
Äre Profil
Diplomer a fachlech Kompetenzen
Diplom als Infirmier/Infirmière mat Spezialisatioun an der Psychiatrie (oder gläichwäertegen, zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom)
Gülteg Autorisation d'exercer zu Lëtzebuerg
Op d'mannst 5 Joer Beruffserfarung an der Kanner- a Jugendpsychiatrie
Gutt Kenntnisser vum institutionellen, juristeschen a soziale Kader vun der Betreiung vu Mannerjäregen zu Lëtzebuerg (Aide à l’Enfance et à la Famille, Jugendschutz)
Kenntnisser vun relevante therapeuteschen Usätz (Traumapädagogik, Bindungstheorie, systemeschen Usaz, kognitiv Verhalenstherapie, EMDR, asw.)
Gutt Kenntnisser am Beräich Eltereschaf an Erzéiung am Kader vun de Referenzgrondlage vun der Aide à l’Enfance et à la Famille
Sozial Kompetenzen a Perséinlechkeetsprofil
Wertschätzend a professionell Haltung
Gutt sozial a kommunikativ Kompetenzen
Staark sozial, interkulturell an inklusiv Kompetenzen
Fäegkeet zur Zesummenaarbecht am Team an mat de Partner
Diskretioun a Verantwortungsbewosstsinn
Gutt Organisatiounsfäegkeet a Prioritéitemanagement
Rouegen an professionelle Ëmgang a Krisesituatiounen
Flexibilitéit an Adaptatiounsfäegkeet
Léisungsorientéiert an zouverlässeg Aarbechtsweis
Zousätzlech Ufuerderungen
Konditiounen
CDI
Beschäftegungsgrad: 75 % oder 80 %
Remuneratioun laut CCT-SAS C5*
Attraktiv extralegal Virdeeler
Dir wëllt Iech an enger Organisatioun weiderentwéckelen, déi geziilt an d'Qualitéit vun hire Praktiken an an d'Entwécklung vun hire Mataarbechter investéiert?
Da freeë mir eis op Är Kandidatur!
Luet w.e.g. follgend Dokumenter iwwer eise Formulaire erop:
Motivatiounsbréif
Liewenslaf mat Foto
Kopie vum Diplom
Autorisation d'exercer
Am Fall vun engem Recrutement, gitt Dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 an n°5 gefrot.