fir säi Service Families First zu Bartreng, mat engem onbefriste Kontrakt (CDI) vu 40 Stonnen pro Woch.
Den Ufank vum Kontrakt ass ab September 2026 virgesinn.
Aufgabebereich:
Mat Familljen (bei hinnen doheem) schaffen, déi sech an enger schwiereger Situatioun befannen.
De Famillje mat enger wäertschätzender, partizipativer a lösungsorientéierter Haltung begéinen an zesumme mat hinnen den Alldag organiséieren.
Verschidde Methoden kombinéiere fir Krisen a Konflikter op eng konstruktiv Aart a Weis unzegoen.
D'Elterekompetenze stäerken duerch Berodung, Uleedungen a praktesch Ënnerstëtzung.
D'Elterekompetenzen an d'Wuelbefanne vun de Kanner evaluéieren.
Rapporte verfassen.
Gesichte Profil:
Diplom um Niveau Bac+3 an de Sozial- an Erzéiungswëssenschaften (Sozialaarbechter, graduéierten Erzéier oder ähnlech).
Zousätzlech Formatioun an der Kriseninterventioun, systemescher Aarbecht oder Familljetherapie ass erwënscht, mat Kenntnisser vun de verschiddenen Usätz.
Op d'mannst 5 Joer Beruffserfarung an enger ähnlecher Funktioun.
Gutt Kommunikatiounsfäegkeeten, Oppenheet, Diplomatie an d'Fäegkeet, verschidde Standpunkter mateneen a Aklang ze bréngen.
Ganz gutt Kenntnisser am Franséischen, Lëtzebuergeschen an Däitschen; all zousätzlech Sprooch ass e Virdeel.
Gutt Fäegkeete beim Verfaasse vun analytesche Rapporten an Situatiounsevaluatiounen.
Sécherheet beim Treffe vu begrënnten Entscheedungen a Krisesituatiounen.
Flexibilitéit a Disponibilitéit.
Führerschäin Klass B.
Am Fall vun enger Astellung gëtt en Extrait aus dem Casier judiciaire verlaangt.
Jobalert für diese Suche erstellen
Educateur gradué / Assistant social (M/F/D) Families First - Bartreng - CDI - 40h (6626) • Bitburg, Rhineland-Palatinate (Rheinland-Pfalz)