Talent.com
SOS KANNERDUERF LËTZEBUERG
Agent éducatif oder Educateur diplômé (m/w/d) fir d’Wunngrupp Maison Gisèle et Georges CDI 100% zu MSOS KANNERDUERF LËTZEBUERG • Bitburg, rheinland-pfalz, Germany
Suche nach anderen Stellen
Agent éducatif oder Educateur diplômé (m/w/d) fir d’Wunngrupp Maison Gisèle et Georges CDI 100% zu M

Agent éducatif oder Educateur diplômé (m/w/d) fir d’Wunngrupp Maison Gisèle et Georges CDI 100% zu M

SOS KANNERDUERF LËTZEBUERG • Bitburg, rheinland-pfalz, Germany
Vor 4 Stunden
Stellenbeschreibung

D'Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf sicht engagéiert Fachleit déi Kanner a Jugendlecher

wäertschätzend, ressourcenorientéiert an empathesch begleeden.

Dir wëllt Iech am soziale Beräich asetzen, Verantwortung iwwerhuelen an e reelle Bäitrag fir d’Zukunft vu Kanner a Jugendleche leeschten?

Da kommt bei eis an eng Equipe, déi zesummenhält, déi Vertrauen an Engagement lieft,

Fir eise Wunngrupp, Maison Giisèle et Georges, déi Kanner a Jugendlecher, am Kannerduerf zu Miersch begleet, bidde mir en CDI 100% als Agent éducatif oder Educateur diplômé. .

Dës Funktioun bitt Iech d'Méiglechkeet, Är fachlech a perséinlech Kompetenzen aktiv anzebréngen, Verantwortung ze iwwerhuelen an zesumme mat engem motivéierten Team d'Jugendlech op hirem Wee zu méi Autonomie an enger positiver Entwécklung ze begleeden.

Gläichzäiteg leet d'Fondatioun vill Wäert op d'Weiderentwécklung vun hire Mataarbechter. Duerch reegelméisseg Formatiounen, Supervisiounen a fachlechen Austausch kritt Dir d'Méiglechkeet, Är Kompetenzen auszebauen an an Ärer professioneller Roll ze wuessen.

Mir freeën eis op Är Kandidatur !

Är Aufgaben

Dir schafft am deeglechen Encadrement vu Kanner a Jugendlechen

Zesumme mat ären Team-KolleegInnen an a Récksprooch mam Chef de groupe suergt Dir fir e pedagogesch strukturéierten a séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt, sech weider ze entwéckelen a selbststänneg ze ginn

Dir sidd Referenzerzéier vun engem oder zwee Kanner oder Jugendlechen

Wat eis ënnerscheet

Mir investéieren an Är Entwécklung

Reegelméisseg Formatiounen (Bindung, Trauma, SOP,

...)

Praxisaustausch an Deele vu Fachwëssen

Kontinuéierlecht Léieren a professionellt Wuesse

Aktiv Ënnerstëtzung vun Ärer fachlecher a perséinlecher Entwécklung

Eng Organisatioun an dauerhafter Weiderentwécklung

Strukturéiert Qualitéitsmanagement

Kultur vun der Reflexioun an der kontinuéierlecher Verbesserung

Entwécklung vun innovativen Approchen an der psychiatrescher a psychosozialer Begleedung

E professionellen a strukturéierte Kader

Zesummenaarbecht an engem engagéierte multidisziplinären Team

Reegelméisseg Supervisiounen an Intervisiounen

Enken Austausch mat Educateuren, Psychologen, Case Manageren a Direktioun

Kloer Strukturen, professionell Prozesser a qualitativ héichwäerteg Fachbegleedung

Eng Missioun mat Wierkung

Direkten Impakt op d'Wuelbefannen an d'Entwécklung vu Kanner a Jugendlechen

Ënnerstëtzung vu Familljen a komplexe Liewenssituatiounen

E konkrete Bäitrag zu hiren Zukunftsperspektiven a Wuelbefannen

Äre Profil

Diplomer a fachlech Kompetenzen

Unerkannten Diplom als Éducateur diplômé, inklusiv den erfuerderlechen Autorisatioune bzw. Formatiounen

Flexibilitéit fir Dag- a Nuetsschichten

Teamgeescht an Interessi u multidisziplinärer Zesummenaarbecht

Strukturéiert, reflektéiert a verantwortungsbewosst Aarbechtsweis

Ressource-, léisungs- a systemesch orientéiert Approche

Führerschäin B

Gutt Kenntnisser am Lëtzebuergeschen, Franséischen an Däitschen; all weider Sprooch ass e Virdeel

Konditiounen

CDI 100 %

Remuneratioun laut CCT-SAS (C3 oder C4)

Bestoend extra-legal Virdeeler

Dir wëllt Iech an enger Organisatioun weiderentwéckelen, déi geziilt an d'Qualitéit vun hire Praktiken an an d'Entwécklung vun hire Mataarbechter investéiert?

Da freeë mir eis op Är Kandidatur!

Luet w.e.g. follgend Dokumenter iwwer eise Formulaire erop:

Motivatiounsbréif

Liewenslaf mat Foto

Kopie vum Diplom

Autorisation d'exercer

Am Fall vun engem Recrutement, gitt Dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 an n°5 gefrot.

Jobalert für diese Suche erstellen

Agent éducatif oder Educateur diplômé (m/w/d) fir d’Wunngrupp Maison Gisèle et Georges CDI 100% zu M • Bitburg, rheinland-pfalz, Germany