Talent.com
SOS KANNERDUERF LËTZEBUERG
Infirmier psychiatrique (m/w/d) fir de Familljenstärkungsdëngscht - CDI 75 % oder 80 % - Carrière C5SOS KANNERDUERF LËTZEBUERG • Trier, rheinland-pfalz, Germany
Suche nach anderen Stellen
Infirmier psychiatrique (m/w/d) fir de Familljenstärkungsdëngscht - CDI 75 % oder 80 % - Carrière C5

Infirmier psychiatrique (m/w/d) fir de Familljenstärkungsdëngscht - CDI 75 % oder 80 % - Carrière C5

SOS KANNERDUERF LËTZEBUERG • Trier, rheinland-pfalz, Germany
Vor 8 Stunden
Stellenbeschreibung

D'Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf sicht engagéiert Fachleit, déi Kanner

an hiere Familljen wäertschätzend, ressourcenorientéiert an empathesch begleeden. Dir wëllt Är Expertise an der Kanner- a Jugendpsychiatrie an engem multidisziplinären Ëmfeld asetze fir e reelle Bäitrag zum Wuelbefanne vu jonke Mënschen an hiere Famillje ze leeschten? Da kommt an eng Equipe, déi Vertrauen, Engagement a géigesäitege Respekt lieft. An dëser Funktioun sidd Dir déi zentral Kontaktpersoun tëscht de Kanner an hiere Famillje, den Educatiounsequippen an den externe medezineschen a therapeutesche Partner. Dir garantéiert hieren psychiatreschen a somatesche Suivi a drot aktiv dozou bäi, e séchert an therapeutescht Ëmfeld ze schafen. Gläichzäiteg leet d'Fondatioun vill Wäert op d'Weiderentwécklung vun hire Mataarbechter. Duerch regelméisseg Formatiounen, Supervisiounen a fachlechen Austausch kritt Dir d'Méiglechkeet, Är Kompetenzen auszebauen an an Ärer professioneller Roll ze wuessen.

Är Aufgaben Ambulant sozialpädagogësch Begleedung vu vu Kanner, hiere Elteren an hierer Famill

Somatesch a psychiatresch Evaluatioune maachen an de Gesondheetszoustand suivéieren

De kierperlechen a psychesche Gesondheetszoustand observéieren, dokumentéieren an evaluéieren.

Medezinesch, psychiatresch an therapeutesch Consultatioune organiséieren a koordinéieren

Enk mat Psychiateren, Dokteren, Psychologen, Spideeler an anere Partner zesummeschaffen

Educatiounsequippen am Ëmgang mat psychiatresche Problematike beroden an ënnerstëtzen

Eng regelméisseg a vertraulech Kommunikatioun mat Familljen a gesetzleche Vertrieder assuréieren

Als Referenzpersoun Beneficiairen an hirer individueller Begleedung ënnerstëtzen

Familljen begleeden an d'Elteren an hire Kompetenze stäerken

An psychiatreschen oder verhalensbezunnene Krisesituatioune professionell intervenéieren

Psychoedukativ Aktivitéite fir Beneficiairen, Familljen an Ekippen organiséieren an duerchféieren

Optragszoustellung a Facturatioun iwwert accords de prise en charge (APC) vum Office National de l’Enfance (mesure 8.3.)

Zesummenaarbecht mat de professionelle Partner vun der AEF

Wat eis ënnerscheet Mir investéieren an Är Entwécklung Reegelméisseg Formatiounen (Bindung, Trauma, SOP,

...)

Praxisaustausch an Deele vu Fachwëssen

Kontinuéierlecht Léieren a professionellt Wuesse

Aktiv Ënnerstëtzung vun Ärer fachlecher a perséinlecher Entwécklung

Eng Organisatioun an dauerhafter Weiderentwécklung Strukturéiert Qualitéitsmanagement

Kultur vun der Reflexioun an der kontinuéierlecher Verbesserung

Entwécklung vun innovativen Approchen an der psychiatrescher a psychosozialer Begleedung

E professionellen a strukturéierte Kader Zesummenaarbecht an engem engagéierten multidisziplinären Team

Reegelméisseg Supervisiounen an Intervisiounen

Enken Austausch mat Educateuren, Psychologen, Case Manageren a Direktioun

Kloer Strukturen, professionell Prozesser a qualitativ héichwäerteg Fachbegleedung

Eng Missioun mat Wierkung Direkten Impakt op d'Wuelbefannen an d'Entwécklung vu Kanner an Elteren

Ënnerstëtzung vu Familljen a komplexe Liewenssituatiounen

E konkrete Bäitrag zu hire Zukunftsperspektiven a Wuelbefannen

Äre Profil Diplomer a fachlech Kompetenzen Diplom als Infirmier/Infirmière mat Spezialisatioun an der Psychiatrie (oder gläichwäertegen, zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom)

Gülteg Autorisation d'exercer zu Lëtzebuerg

Op d'mannst 5 Joer Beruffserfarung an der Kanner- a Jugendpsychiatrie

Gutt Kenntnisser vum institutionellen, juristeschen a soziale Kader vun der Betreiung vu Mannerjäregen zu Lëtzebuerg (Aide à l’Enfance et à la Famille, Jugendschutz)

Kenntnisser vun relevante therapeuteschen Usätz (Traumapädagogik, Bindungstheorie, systemeschen Usaz, kognitiv Verhalenstherapie, EMDR, asw.)

Gutt Kenntnisser am Beräich Eltereschaf an Erzéiung am Kader vun de Referenzgrondlage vun der Aide à l’Enfance et à la Famille

Sozial Kompetenzen a Perséinlechkeetsprofil Wertschätzend a professionell Haltung

Gutt sozial a kommunikativ Kompetenzen

Staark sozial, interkulturell an inklusiv Kompetenzen

Fäegkeet zur Zesummenaarbecht am Team an mat de Partner

Diskretioun a Verantwortungsbewosstsinn

Gutt Organisatiounsfäegkeet a Prioritéitemanagement

Rouegen an professionelle Ëmgang a Krisesituatiounen

Flexibilitéit an Adaptatiounsfäegkeet

Léisungsorientéiert an zouverlässeg Aarbechtsweis

Zousätzlech Ufuerderungen Führerschäin B

Gutt Kenntnisser am Lëtzebuergeschen, Franséischen an Däitschen; all weider Sprooch ass e Virdeel

Konditiounen CDI

Beschäftegungsgrad: 75 % oder 80 %

Remuneratioun laut CCT-SAS C5*

Attraktiv extralegal Virdeeler

Dir wëllt Iech an enger Organisatioun weiderentwéckelen, déi geziilt an d'Qualitéit vun hire Praktiken an an d'Entwécklung vun hire Mataarbechter investéiert? Da freeë mir eis op Är Kandidatur!

Luet w.e.g. follgend Dokumenter iwwer eise Formulaire erop: Motivatiounsbréif

Liewenslaf mat Foto

Kopie vum Diplom

Autorisation d'exercer

Am Fall vun engem Recrutement, gitt Dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 an n°5 gefrot.

Jobalert für diese Suche erstellen

Infirmier psychiatrique (m/w/d) fir de Familljenstärkungsdëngscht - CDI 75 % oder 80 % - Carrière C5 • Trier, rheinland-pfalz, Germany