Talent.com
ARCUS asbl
Educateur gradué (M/W/NB) - Internat EttelbréckARCUS asbl • Bitburg, rheinland-pfalz, Germany
Suche nach anderen Stellen
Educateur gradué (M/W/NB) - Internat Ettelbréck

Educateur gradué (M/W/NB) - Internat Ettelbréck

ARCUS asbl • Bitburg, rheinland-pfalz, Germany
Vor 9 Stunden
Stellenbeschreibung

Mir siche fir d' Internat Ettelbréck

en

Educateur gradué (M/W/NB)

am

CDI

mat

25-30 Stonnen/Woch

D’Internat Ettelbréck begleet a ënnerstëtzt Schülerinnen a Schüler tëscht 12 a 25 Joer an hirem Alldag an op hirem perséinlechen Entwécklungswee. Eist Zil ass et, déi jonk Leit ze stäerken, fir datt si aktiv a verantwortungsvoll hir eegen Zukunft kënne gestalten. Fir eis engagéiert a multidisziplinär Ekipp ze verstäerken, siche mir eng motivéiert Persoun, déi hir pedagogesch Kompetenzen, hir Kreativitéit an hir Begeeschterung an d’Aarbecht mat jonke Mënschen abréngt. Bei eis hues du d’Méiglechkeet, aktiv un der Gestaltung vun engem nohaltegen, liewegen a wäertschätzende Liewens- a Léierëmfeld matzewierken an d’Entwécklung vun eise Schülerinnen a Schüler positiv mat ze gestalten.

Deng Aufgaben:

Encadrement vu Kanner an hirem Alldag

Entwécklung vu Bildungssettings,

déi individuell un d’Entwécklung vun de Jugendleche ugepasst sinn, sou datt si sech beschtméiglech op d’Ufuerderunge vun der Schoul virbereede kënnen

Uleedung zu engem kreative Bildungs- a Fräizäitverhalen

Ënnerstëtzung bei allen alldagsprakteschen Aufgaben am Hibléck op d‘Verselbstännegung vun den Jugendlecher

Eng enk Zesummenaarbecht mat den Elteren a mam Schoulpersonal fërderen

Däi Profil:

Du hues een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier

Du bass op fir Neies a kanns flexibel an autonom schaffen

Du bass strukturéiert, organiséiert a kanns gutt observéieren an dokumentéieren

Du bass kreativ an der Gestaltung vu Bildungsprozesser

Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen

Du bass flexibel wat d’Aarbechtszäiten ugeet (Dag- a Nuetsschichten)

Wat dech erwaart:

Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

Iwwert eis :

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Si ass am Beräich vun der

Aide à l’enfance et à la famille

an de

Services d’éducation et d’accueil

täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu sengen 1800 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.

(bei enger Astellung froe mir de casier judiciaire)

Jobalert für diese Suche erstellen

Educateur gradué (M/W/NB) - Internat Ettelbréck • Bitburg, rheinland-pfalz, Germany