Mir siche fir den
CISP Movida
zu
Furen
een
Educateur diplomé (M / W / NB) mat 30-35 Stonnen / Woch am CDI
De Centre d’insertion socio-professionel (CISP) Movida riicht sech u Jugendlecher, déi sech aus ganz ënnerschiddlechen Grënn am reguläre Schoulsystem net zurechtfannen a bei der Erfëllung vun der Schoulpflicht op eng intensiv sozialpädagogesch Ënnerstëtzung ugewise sinn. An eiser Dagesstruktur begleets du Jugendlecher am Alter vun 12 - 16 Joer unhand vun handlungsorientéierter Projetsaarbecht, mam Bléck op eng traumapädagogesch Virgoensweis.
Deng Aufgaben :
Vermëttele vu formalen a non-formalen Inhalter
Kooperatioun mat externe Partner a mat de Familljen
Ënnerstëtzen a Begleeden vu Jugendlecher op hirem Wee
Däi Profil :
Een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom
Eng respektvoll Haltung
Minimum 3 Joer Beruffserfahrung a pädagogesch Kompetenzen am
Ëmgang
mat Jugendlecher
Flexibel an den Aarbechtszäiten
Beherrsche vu Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch
Fäegkeet a Bereetschaft zur Selbstreflexioun a Selbstregulatioun
Wat dech erwaart :
Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld
Iwwert eis :
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der
Aide à l’enfance et à la famille
an de
Services d’éducation et d’accueil
täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)
Educateur diplm MWNB CISP Movida Furen • Merzig, DE