Talent.com
ARCUS asbl
NEW Aide socio-éducatif / Aide socio-familial / Agent socio-pédagogique (M/W/NB) - Maison RelaisARCUS asbl • Merzig, DE
Suche nach anderen Stellen
NEW Aide socio-éducatif / Aide socio-familial / Agent socio-pédagogique (M/W/NB) - Maison Relais

NEW Aide socio-éducatif / Aide socio-familial / Agent socio-pédagogique (M/W/NB) - Maison Relais

ARCUS asbl • Merzig, DE
Vor 16 Stunden
Stellenbeschreibung

Mir siche fir d’Maison Relais Nidderaanwen: Aide socio-éducatif / Aide socio-familial / Agent socio-pédagogique (M/W/NB) am CDI mat 17-25 Stonnen/Woch


D’Maison Relais Nidderaanwen bitt Plaz fir 405 Kanner vun 3 bis 12 Joer a verfüügt iwwer verschidden altersgerecht equipéiert Raim an e Kannerrestaurant. D’Sportshal vun der Schoul souwéi e puer Spillplaze fërderen d’Beweegung an eng ofwiesslungsräich Betreiung.


Deng Aufgaben:

  • Du begleeds d’Kanner op hirem Wee zu Fouss (Pedibus) oder mam Bus

  • Du ënnerstëtz d’Kand a senger individueller Entwécklung

  • Du fërders e reegelméissegen a professionellen Austausch mat den Elteren a mam Schoulpersonal

  • Du hëllefs der Ekipp an der Maison Relais aus (Kanner vum Cycle 1-4)


Däi Profil:

  • Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Agent socio-pédagogique (DAP Education) oder en Certificat als Aide socio-éducatif / Aide socio-familial

  • Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten

  • Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen, all aner Sprooch ass vu Virdeel


Wat dech erwaard:

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt, fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld


Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge 1800 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.


(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

Jobalert für diese Suche erstellen

NEW Aide socio-éducatif / Aide socio-familial / Agent socio-pédagogique (M/W/NB) - Maison Relais Nidderaanwen • Merzig, DE